Home / Series / Comeback / Aired Order /

All Seasons

Season 1

  • S01E01 Prost

    • September 28, 2012
    • RTL

    D'Sophie, de Pit an de Saack erwächen no enger laanger Nuecht an et ass näischt méi esou wéi et war. Eng nei Matbewunnerin, roude Lëppestëft, e komeschen Typ an der Bidden, e Video op Facebook an en décke Kapp sinn nëmmen déi éischt Nowierkungen.

  • S01E02 Retour

    • October 5, 2012
    • RTL

    Elo wunnt d'Sophie mat de Jongen, wat fir de Saack net einfach ass. D'Sophie an de Saack mussen awer eens ginn, fir de Ronny erëmzefannen. Sengersäits soll de Pit sech op der Uni aschreiwen, mä hie weess nach ëmmer net wat hie maache wëll.

  • S01E03 Vollt Haus

    • October 12, 2012
    • RTL

    De Saack huet e Problem, hie wollt d'Fra vum Liewen op en Iessen invitéiere mä elo stinn seng Exë vrun der Dier. De Pit soll him hëllefen, mä ass iwwerfuerdert. D'Sophie ass generft: d'Männer léien all an de Ronny wëll bei der Wett net matmaachen.

  • S01E04 Wien ass hei de Boss?

    • October 19, 2012
    • RTL

    De Pit mécht alles fir bei der Hochzäit vum Prënz Guillaume derbäi ze si mä et klappt net. D’Sophie verzweiwelt um Ronny an sicht sech een neie „Ronny“. De Saack muss bei d'Anonym Spilleresch Wetter wann hien net wëllt vun der Wett ausgeschloss ginn.

  • S01E05 Wéi ech deng Mamm begéint hunn

    • October 26, 2012
    • RTL

    De Saack huet erëm d'Fra vum Liewe verluer. D'Sophie well him hëllefen dat ze vermeiden mä fir d'éischt gëtt de Ronny fir de SECS ageschriwwen. De fréiere Star ass faszinéiert vun der „neier“ Botzfra. De Pit verbréngt säin éischten Dag an der stresseger SSS.

  • S01E06 Gehemmten Entwécklung

    • November 2, 2012
    • RTL

    De Saack huet ee Problem: d'Frae stinn all op hien, sou fënnt hien ni d'Fra vum Liewen. De Pit huet se scho laang fonnt: d'Sophie! D’Sophie ass mam Felix beschäftegt deen eng nei Frëndin huet. De Ronny soll prouwen, mä dat interesséiert hien net.

  • S01E07 Zwee an en hallwe Mann

    • November 9, 2012
    • RTL

    De Saack huet de Ronny héiere gutt spillen mä et gleeft keen him. De Ronny ass iwwerzeegt dass et un der Gittar läit. D’Sophie verléisst d'Team Ronny, mä de Pit an d’Sam hunn eng Iddi fir him d’Aen opzemaachen.

  • S01E08 All an der Famill

    • November 16, 2012
    • RTL

    De Saack ass rosen well d'Mary net bereet ass de Schluss vun enger Wett anzehalen. D'Sam an de Pit wëllen dem Sophie de Felix ausdreiwen. D'Elisabeth huet seng Aart a Weis de Ronny mat sengem Alkoholproblem ze hëllefen.

  • S01E09 Jong begéint d’Welt

    • November 23, 2012
    • RTL

    De Pit schreift seng Gefiller fir d'Sophie op e Blat… a verléiert et. D'Sophie wëll de Ronny trainéieren an hien zu engem Bühnebéischt maachen. De Saack huet säi Seilerkusser fonnt mä et ass säi beschte Kolleg…

  • S01E10 D'Nounou

    • November 30, 2012
    • RTL

    D’Sophie plangt e Concert fir de Ronny. Hie wëll awer professionell Hëllef a kontaktéiert d’Thorunn. De Pit versicht, wei versprach, d’Sophie ze vergiessen. De Saack fänkt, nieft der Aarbecht, seng Premiere erëm un, mä kritt net alles ënnert en Hutt.

  • S01E11 Familljebanden

    • December 7, 2012
    • RTL

    Dem Ronny säin Optrëtt ennt an engem Fiasko. Dem Pit seng nei Frëndin, d’Jenny interesséiert sech opfälleg vill fir de Ronny. De Ronny mierkt, dass him eppes feelt: seng Duechter. De Saack hëlt eng radikal Entscheedung: hien ass op Léiftentzuch.

  • S01E12 Glécklech Schlusser

    • December 14, 2012
    • RTL

    De Pit ass mat de Virbereedunge fir Chrëschtdag amgaang a leeft op Héichtouren. De Ronny ass depriméiert an projezéiert seng Pappegefiller op en Ee. D’Sophie sicht weiderhin nom Stella. De Saack wëll déi aner mat senge Cadeauen iwwertreffen.

  • S01E13 D’ganz Nuecht op

    • December 23, 2012
    • RTL

    De Pit ass an d'Jenny verléift ouni ze wëssen dass hatt d'Stella ass. D'Sophie wëll de Ronny a seng Duechter erëm zesumme bréngen. De Ronny muss Manéiere léieren. De Saack kritt Tipps iwwer Frae vum David Goldrake.

  • S01E14 Wäiss Schippen

    • January 11, 2013
    • RTL

    D'Sophie an de Ronny gi krank. De Ronny muss souguer an d'Spidol. De Saack ass an d'Sophie verléift a weess net wéi hien domat ëmgoe soll. De Pit an d'Stella sinn endlech zesummen, mä d'Stella huet sengem Jong nach näischt gesot.

  • S01E15 De frësche Prënz vu Bouneweg

    • January 18, 2013
    • RTL

    De Ronny soll een neit Lidd schreiwen mä et fält him näischt an. D’Sophie an de Saack hu matenee geschlof. De Saack verstoppt sech, well hie kee Geheimnis fir sech behale kann. De Pit soll op de Luc oppassen, obwuel de Klengen hien net leiden kann.

  • S01E16 Kollegen

    • January 25, 2013
    • RTL

    De Ronny muss e Videoclip maachen, mä fir den Dréi taucht en ale Lover vum Elisabeth op. D’Sophie an de Saack probéieren hier Gefiller z’ënnerdrécken, mä dat ass net esou einfach. De Pit iwwerstierzt alles mam Stella, verstoppt hien eppes?

  • S01E17 Verréckt no dir

    • February 1, 2013
    • RTL

    De Pit huet sech vum Stella getrennt a wëllt elo d'Sophie zeréckgewannen. De Saack wëll seng Bezéiung mam Sophie weider geheim halen. Fir d'Hallef-Finale vum SECS z’iwwersprangen, brauch de Ronny 10000 Likes op Facebook. D'Sophie schléit dofir e Skandal fir.

  • S01E18 Ondéklaréiert

    • February 8, 2013
    • RTL

    Fir Fuesend huet d'Sophie e Concert fir de Ronny organiséiert mä et geet alles schif. De Ronny gesäit et als Abschiedsconcert, him ass seng Famill méi wichteg. De Saack wëll dëst Joer de Concours fir déi schéinst Verkleedung gewannen. De Pit wëll onbedingt wësse mat wiem d'Sophie zesummen ass.

  • S01E19 Dat ass Léift

    • February 15, 2013
    • RTL

    D'Sophie haasst Feltesdag a well näischt dovunner wëssen. Dat ass Schued fir de Saack, dee sech eng Freed gemeet hat Feltesdag mam Sophie ze feieren. De Pit huet e Plang fir alles erëm gutt ze maachen. De Ronny erhofft sech eng Chance beim Elisabeth.

  • S01E20 D'gëlle Meedercher

    • February 22, 2013
    • RTL

    De Pit erwëscht d'Sophie an de Saack zesummen. Fir se auserneen ze bréngen, reagéiert hien onerwaart geloossen. Beim Sophie wuessen déi éischt Zweiwel iwwert seng Koppel. De Ronny muss säi Lidd fir d'Eurovisioun schreiwen mä hien ass aus der Übung.

  • S01E21 Wuessend Péng

    • March 1, 2013
    • RTL

    Eng RTL-Ekipp interviewt déi dräi Jonk an de Ronny. Jiddereen huet eppes ze verstoppen, wat d'Aarbecht vun der Interviewerin net vereinfacht. Et ass e gudden Zäitpunkt fir déi dräi, fir sech hir Aventure duerch de Kapp goen ze loossen.

  • S01E22 D'Ronny Riff Show

    • March 8, 2013
    • RTL

    D'Sophie wëll onbedéngt, dass d'Hallef-Finale vum SECS gutt leeft, mä de Ronny huet Angscht opzetrieden an d'Stella fir ëmmer verluer ze hunn. De Pit wëll net hëllefen, hien huet es genuch. De Saack gëtt sech bewosst wéi säi Brudder leit a muss eng schwéier Entscheedung huelen.

  • S01E23 Bridderlech Léift

    • March 15, 2013
    • RTL

    De Ronny huet opginn a geet net an d'Finale, mä d’Sophie wëll hie mat alle Mëttelen iwwerrieden, opzetrieden. De Saack wëll sech mam Pit erëm verdroen, mä dee wëll awer seng Chance notzen an d'Sophie erueweren.

  • S01E24 D'Gemeinschaft

    • March 22, 2013
    • RTL

    Den Owend nom SECS ginn di dräi Jonk rosen auserneen a kee weess wat geschitt ass. Zwee Méint drop kéint de Ronny awer op d'Eurovision goen. Dat ass eng gutt Geleeënheet, fir ze wëssen, wat geschitt ass a fir jiddereen nees zesummenzebréngen.

Additional Specials

  • SPECIAL 0x1 Outtakes

    • March 29, 2013

    Wärend dem Tournage vu Comeback ass net alles ëmmer beim éischten Take no Plang verlaf…

  • Webisodes and Shorts

    SPECIAL 0x2 Ronny Riff: Chrëschtdag ass do

    • December 25, 2012

    Ee Musékvideo vum Ronny Riff sengem Hit, “Chrëschtdag ass do”.